Zementplättercher goufen em 1850 vun engem franséichen Entrepreneur, dem Etienne Larmande, erfond, deen 1853 en éischte Brevet op deem Produkt ugemellt huet. Zu där Zait goufen ët wéineg Alternativen fir Buedembeleg, déi demno deier waren.
Di éischt Carreaux ciment goufen mat hydraullischem Kallek gemaat. De Kallek gouf an eng Form gegoss an dono drëchne geloos. Den Larmande huet e Schlässer gefrot, fir em an där Form Ofdeelungen ze maachen. Domadder war ët méiglech, Musteren ze krééiren.
https://commons.wikimedia.org/wiki/File:Moule_%C3%A0_carreau.jpg#/media/Fichier:Moule_à_carreau.jpg
Dofir hun di verschidde Kompartiment missen, vun Hand, mat enger Mëschung vun Kallek, deen herno duerch Waisszement ersaat gouf, Sand, Marberpolver a Pigmenter opgefëllt gin. Waat méi Faarwe benotzt goufen, waat daat méi Zait kascht huet. Dono gouf eng zweet Couche mat enger Mëschung vu Sand an Zement opgefëllt, daat Ganzt gepresst an dono drëchne geloos.
Di éischt Musteren hun sech un der Gothik, déi zu där Zait nees a Moud war, inspiréiert. Mam Jugendstil sen Blumemotiver opkomm.
Di Technik gouf eng éischte Kéier, 1867, op der Exposition universelle zu Parais présentéiert. Vun do aus huet se sech uechter d’Welt verbreed. Mat der franséicher Kolonisatioun sen se z.B. an Nordafrika an am Noen- a Mëttleren Orient ukomm. An der Belscht goufen déi Plättercher vrun allem an der Géigend vu Florennes an am Hainaut produzéiert.
Well e groussen Deel vun der Aarbescht huet misse vun Hand gemaat gin, waren déi Plättercher relativ deier. An de fofzeger Jore vum leschte Joerhonnert goufen d’Zementplättercher no an no duerch di mi bëllesch Keramikplättercher verdrängt. An de leschte Joren se se nees a Moud komm.

Zementplättercher an enger Kapelle zu Hierber (Herborn)

Zementplätterscher an enger Kappelle op der Giersterklaus

Zementplättercher an enger Kapelle zu Merscheid
