Terrazzo
Den Terrrazzo deen och als Granito bezeechent gët, ass eng aal handwierklech Technik, déi scho bei de Réimer benotzt gouf. Sie hu Kallek mat Reschter vun Zillen a Kiselsteng vermëscht an hun doduerch e resistenten Buedembelaag geschaaf.
Am 15. Joerhonnert huet den Terrazzo eng nei Héichzait zu Venedig erliewt. Sou gouf de Buedem vum grousse Sall aus dem Dogepalais mat Terrazzo gegoss. Venzianesch Handwierker hun Kallek mat Marmorreschter vermëcht. Herno gouf de färdege Buedem ofgeschlaf a geuelegt.
Et war vrun allem seng Resistenz an den niddrege Prais vum Material, deen am 19. Joerhonnert zur Popularitéit vum Terrazzo baigedroen huet.
Am 20. Joerhonnert hun italienesch Handwierker di Technik uechter d’Welt exportéiert. Vrun allem an den zwanzeger an drësseger Joren war de Terrazzo grouss a Moud.

Soubassementer a Fënstersteng aus Terrazzo

Eng Traap an enger Villa aus den drësseger Joren zu Gréivemaacher
A Verbindung mat Mosaiksteng gouf den Terrazzo zu prachtvollen Mosaiktapien verwandelt. Et war awer och e bëlleschen a prakteschen Buedembelaag fir Gäng an Trapenhaiser.
Mat der Verbreedung vun de Plättercher ass den Terrazzo no an no vum Maart verdrängt gin. D’handwierklech Kenntnisser gounge verluer.

Trapenhaus an Terrazzo, Casablanca (Maroc)

Terrazzo an enger Entréé am Zentrum vu Bréissel

