Steemetzer
De klenge Steemetzer am Logo vu Pierre et traditions gët ët wierklech.
Hien ass een vun enger Rei vun Handwierkerskulpturen, déi de franséichen Architekt Eugène Viollet-le-Duc an enger Galerie vum Schlass vu Pierrefonds duerstelle geloos huet.
Domadder wollt de Viollet-le-Duc wuel d’technesch Kompetenz vun den Handwierker, déi di mëttelalterlech Buergen a Schlässer gebaut hun, ervirhiewen.
Niewt dem Steemetzer, huet de Viollet-le-Duc och aaner Handwierker, ma vrun allem Tailleurs de pierre duerstelle geloos.
De Viollet-le-Duc, deen ee vun den éischten Architekten war, dee sech fir d’Mëttelalter interesséiert huet, – hien huet ënnert aanerem Carcassonne nees opgebaut – , haat eng speziell Virstellung vu Restauratiouns-aarbeschten. Hien huet wuel ganz akribesch Relevéen gemaat, mä hien huet di aal Gebaier nees sou opgebaut, wéi se no senger Virstellung hätte missen ausgesin.
Fir hien war, “ Restaurer un édifice, ce n’est pas l’entretenir, le réparer ou le refaire, c’est le rétablir dans un état complet qui peut n’avoir jamais existé à un moment donné.“, eng Iddi, déi schon deemols fir Polemik gesuergt huet, an haut nët méi akzeptabel ass.
