Steebiedem
Di meescht vun eis wärten Steebiedem, di sougenannten Calades, aus der Vakanz am Midi kennen. Calades se Steeweer, déi oft an enger Pente verlaafen, ab bei denen d’Steng senkrecht an de Buedem gestallt gin. Si dengen souwuel dozou, derfir ze suergen, dat di Weer praktikabel sen, wéi dat d’Waasser offléisse kann.
Am Géigesaatz zum Pavé goufen d’Steng, déi fir de Bau vun enger Calade benotzt gin, nët gehaen. D’Jointen tëscht deenen eenzelne Steng sen dofir och onregelméisseg.
Mä och bei eis fënd een där Steebiedem. Ee Beispill ass zu Buerglënster hannert der Buerg.
Di nämlecht Technik gouf och am landwirtschaftleche Beraich benotzt, z.B., fir de Krësch vum Wees ze trennen.
Op der Foto lënks gesi der e Steebuedem aus engem aale Baurenhaff an de belschen Ardennen. Hei gouf de Stall mat Findlingen ausgeluecht.

Steebuedem an engem Stall an de belschen Ardennen



