Salzer
Salz kann zu schwéire Schied an de Maure féiren. Mir ënnerscheede gewéintlech drai Typen vun Salzen: Nitrater, Chloriden an Sulfaten.
Nitrater tauche vrun allem do op, wou d’Mauren a Kontakt mat Exkrementer vun Déire komm sen, also z.B. an aale Ställ. Si féiren zum Optrieden vu Salpéiter.
Chloriden entstin duerch d’Streesalz a Sulfater duerch d’Pollutioun.
Salzer zéien nët nëmmen Fiichtegkeet un mä féiren a Verbindung mat Fiichtegkeet zu Ketteraaktiounen: Duerch d’Fiichtegkeet këne Salzer sech weider an de Maure verbreeden. Wann se ausdrëchnen verwandle se sech a Kristaller a vergréisseren hiere Volume.
Grad do, wou Mauren nodréiglech mat Zementbotz imperméabiliséiert goufen, oder Steng mat Zement nei verfout goufe, kën ët zu Schied: Well den Zement méi haard ass, wéi de Steen brëckelt de Steen oder och Zillen lues a lues ¨auserneen.
I am text block. Click edit button to change this text. Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.


