Rocaille ass eng Technik, bei där ët drëm geht, d’Natur, déi idealiséiert gët, mat kënschtleche Mëttlen ze imitéiren. Sie geht zrëck op d’Architektur vun der Rennaissance, wou kënschtlech Grotten grouss a Moud komm sen, a gouf an der zweeter Halschent vum 19. Joerhonnert nees nei opgelieft, wéi d’Entdeckung vum Zement a seng Verbindung mat Stohl zu Béton armé nei technesch Méiglechkeeten entstoe geloos huet.

Sie fënd hieren Asaatz an der Landschaftsarchitektur, mat der Schaafung vu kënschtlechen Fielsreliefer a Grotten, an an der Imitiatioun vun Baamstämm an Äscht, – dohier och d“Bezeechnung „faux bois“ – , mat denen Bänken, Brëcken oder och Clôturen geformt gin.

