skip to Main Content
Rue de Dommeldange 22, L- 7 222 Walferdange +352/691 10 19 30 contact@pierre-et-traditions.lu

Rëss

Aal Haiser a Mauren hun oft Rëss. Oft gesait een déi Rëss schons op der Fassade; heinsdo awer och nëmmen an eenzelne Réim.

Et gi verschidden Zorte vu Rëss. Allgemeng ënnerscheed een tëscht stateschen a nët statesche Rësser. Während nët-statesch Rësser, an enger éischter Zait, éischter e Schéinheetsproblem sen, gefährden statesch Rësser d’Stabilitéit vun enger Konstruktioun.

Rësser entstin duerch verschidde Facteuren: Eng vun den Ursaache vu Rësser sen z.B. Buedembewegungen. Lehmbiedem zechne sech z.B. doduerch aus, dat se hiere Volume em bs zu drai Prozent vergréisseren, wa se naass gin. A wa se drëchnen zéie se sech zesummen. Eng weider Ursaach se Problèmer am Fundament, z.B., wann e Gebai deelweis op engem Fiels steht.

Rëss entstin och duerch Erschütterungen, z.B., duerch den Zuch oder Stroosseverkéier. Rëss entstin och duerch Bauaarbeschten an der Noperschaft.

Staark Wandstéiss kënen ebenfalls zu Rëss féiren, vrun allem dann, wann eng Mauer scho souwisou konstruktiv Mängel huet.

Dieren a Fënstere sen typesch Schwachstellen vun engem Haus.

Rëss enstin och duerch baulech Verännerungen. Z.B. kënen Problemer an der Charpente oder e futtissen Ennerzoch dozou féiren, dat an de Maure Rëss entstin, mä och Embauaarbeschten kënen dozou féiren, dat d’Kräften an enger Konstruktioun aanescht verdeelt gin, waat dann dozou féiert, dat Rëss enstin. Rëss entstin och do, wou Baumaterialien zesumme kommen, déi ënnerschidlech schaffen, z.B. och Kallek an Zement. Wann z.B. an enger Mauer, déi mat Kallek gebaut gouf, nodréiglech Fënsteren oder Diren agebaut goufe, déi mat Zement agefaasst goufen, kann ee scho baal sëcher sen, dat puer Joer dono op där Plaaz, wou déi aal an di nei Deeler zesummekommen, Rëss optriede wärten.

Setzungsrëss un enger Scheier an de belschen Ardennen

Rëss duerch e futtissen Ennerzoch