skip to Main Content
Rue de Dommeldange 22, L- 7 222 Walferdange +352/691 10 19 30 contact@pierre-et-traditions.lu

Jointen

Wann eng Mauer nët soll verbotzt gin, muss se verfout gin. De Joint dengt dozou d’Mauer géint Erosioun ze schützen.

Di éischt an einfachste Form eng stenge Mauer ze verfouen, war ët, d’Speis, déi rofgelaaf ass, wéi d’Mauer gebaut gouf, iwert d’Steng ze verdeelen, eng Technique, déi och nach haut gebraucht gët a “pierre à vue” genant gët.

An enger zweeter Phase koum du d’Idée, Rillen an di Fouen ze zéien, wouduerch den Androck entstaan ass, dat d’Mauer aus grousse Blëck gebaut gin ass.

D’Technik vum Verfouen huet sech iwert di lescht Joerhonnerter ëmmer weider entwëckelt. Vun engem noutwennegen, sen d’Fouen zu engem estheteschen Element gin.

An de Viruerter vu Parais fënd een z.B., Jointen, déi mat klenge Steng dekoréiert sen. Och faarwlech Variatiounen sen duerch den Zousaatz vun Zouschléi, wéi z.B., Kuel oder concasséiert Zillen méiglech.

Beim Verfouen kënt ët op daat richtegt Material un. Sou gëlt als Regel, dat de Joint ëmmer manner haart se muss, wéi de Steen. Sos kënt ët, am Wanter, dozou, dat de Steen sech no an no ënnert dem Effet vum Frascht desintégréiert.

Pierre à vue, Autelbas (B)

Aal Sandsteemauer mat Jointen, déi sech duerch d’Witterung ofgenotzt hun

Joints creusés

E Soubassement zu Ettelbrëck mat joints rubanés

Eng Sandsteefaçade zu Peppeng. Hei enger aaner Variant vun engem joint rubané.