skip to Main Content
Rue de Dommeldange 22, L- 7 222 Walferdange +352/691 10 19 30 contact@pierre-et-traditions.lu

Fiichtegkeet

Ee vun denen heefegste Problèmer, mat deem Propriétaire vun aalen Haiser konfrontéiert gin, ass, niewt Rëss, Fiichtegkeet, déi sech vrun allem am Keller oder um Rez-d’Chaussée manifestéiert. Déi Fiichtegkeet kann zwou Ursaachen hun : an der Regel handelt ët sech em sougenannten „remontées capillaires“ oder „aufsteigende Feuchtigkeit“. Wann de Rez-d’Chaussee oder Keller an enger Pente lait oder géint e Fiels gebaut ass, drëckt d’Waasser vu baussen op d’Mauren.

E weidere Grond vu Fiichtegkeet ass Waasser, wat duerch Rëss an der Fassade andrëngt. Daat ass besonnesch oft am Sockelberaich de Fall, vrun allem dann, wann de Sockel direkt mat enger versiegelter Fläch, wéi z.B., en Trottoir oder e Wee a Kontakt ass, wou d’Wasser nët méi versickere kann, mä an d’Luut sprëtzt.

Schliesslech kann d’Waasser och duerch e Futtissen Daag oder Kulang an d’Maure kommen.

Di sougenannten „remontées capillaires“ sen e physikaleschen Phänomen: D’Waasser, waat am Buedem ass, gët duerch kleng Rëss no uewen transportéiert. Daat kann ee gudd verglaichen mat engem Stëck Zocker, waat een an en Teller mat Kaffi leet, wou den Zocker dann a kuerzer Zait bis uewenhin naass ass. En aanere physikaleschen Phänomen, deen hei wierkt, an deen d’Ausmoosse vun deem Phénomen an der Regel limitéiert, ass d’Schwerkraft, déi dozou féiert, dat d’Waasser an der Regel nët méi héisch, wéi 1,5 Meter an der Mauer ropzit. Hei gët ët allerdengs eng Ausnahm: Wann d’Mauren, wéi sou oft, nodréiglech mat engem zementhaltege Botz verbotzt goufen, oft an dem gudde Glaawen, dat de Problème domadder geléist wier, kann d’Waasser vill méi heich klammen a Schied an der Charpente verursaachen.

Ein Unglück kommt selten allein, seet een. Wou Fiichtegkeet an de Mauren ass, tauchen iergendwann och Salzer op, déi d’Fiichtegkeet nach weider unzéien.

Wouduerger kommen déi Problèmer? Di Problèmer entstin doduerch, dat fréier no aanere Prinzipien gebaut gouf, wéi haut. Haut ass et normal eng Horizontalspär anzebauen oder suguer e Cuvelage ze maachen. Fréier gouf daat zum Deel och gemaat, z.B. doduerch, dat eng Rei Schiefer tëscht dem Fundament an dem Sockel geluecht gouf. D’Mauren ware mat Kallek gebaut a verbotzt. Niewt dem Lehm huet de Kallek d’Fähegkeet, Fiichtegkeet ze reguléiren, daat heescht, en hëlt se op a gët se lues a lues nees of. Fréier goufen och Drainage gemaat, di dono oft verschwonne sen, well kee sech hierer Bedeitung méi bewosst war.

Dozou kommen da falsch „Léisungen“, den Asaatz vun Zement, deen de Problème beschtefalls kuerzfristeg verstoppt, laangfristeg awer dozou baidréit, dat e méi schlëmm gët.

Eng wierklech richteg Léisung mat enger 100-prozenteger Garantie, dat de Problème da geléist gët, gët ët eiser Meenung no nët. Et gin awer eng Rei Léisungen, déi dozou baidroen, de Problem an de Grëff ze kréien an en akzeptablen Wunnkomfort ze schaafen. Den éischte Schrëtt ass ët ëmmer, rauszefannen, waat d’Ursaach vum Problème ass a waat seng Dimensiounen sen; nëmme sou kann een décidéiren, waat ee mecht a wéi wait dat ee mat sengen Interventiounen geht. Da komme, je nodeem, d’Ofdichte vun de Fundamenter oder en Drainage a Fro. Oft, a vrun allem dann, wa bis Salz an de Mauren ass, bleiwt sos keng Léisung, wéi di Mauren, op manst mol bis op déi Héischt, wou d’Fiichtegkeet spierbaar ass, ofzeklappen. Eng Wandheizung kann och zu enger Verbesserung vum Wunnklima baidroen, léisst awer de Problème nët.

Eng vun de Grondviraussetzung ass, sech mam „bâti ancien“ auserneen ze setzen a seng Grondprinzipien ze verstoen. Dozou gehéiert, dat d’Kelleren fréier als Lagerraum a fir d’Konservéirung vu Liewensmëttel genotzt goufen, mä mat Sëcherheet nët als Partykeller. Vlaischt ass daat och gudd sou.

Fiichtegkeetsschied

Fiichtegkeetsschied

Fiichtegkeetsschied an Algebildung