skip to Main Content
Rue de Dommeldange 22, L- 7 222 Walferdange +352/691 10 19 30 contact@pierre-et-traditions.lu

D’Technik vun de Faïencen gouf tëscht dem 6. an 11. Joerhonnert am Noen- a Mëttleren Osten entwëckelt. D’Innovatioun bestoung doranner, d’Poterien mat enger waisser Glasur ze iwerzéien, wouduerch ët méiglech gouf, di Poterie ze bemolen.

Am Kader vun den arabeschen Eroberungen iwer Nordafrika a Spuenien verbreed. Vun do aus goufen di Artiklen aus Faïence an Italien exportéiert, wou di Technik imitéiert a weiderentwëckelt gouf.

Villeroy & Boch Septfontaines

Den Numm Faïence kënt vun der italienescher Staadt Faenza, déi am 15. Joerhonnert e wichtegen Produktiounsuert fir Faïencen war. Je no Provenienz gin ët nach aaner Bezeechnungen, wéi Majoliques, woumadder Faïencen bezeechent gin, déi vir d’éischt op Majorca fir den italieneschen Marché produzéiet goufen.

A Spuenien an a Portugal gin d’Faïenceplättercher als Azulejos bezeechent, waat entweder op daat arabescht Wuert الزليج (al zulaycha) kent zrëckgoen, vun deem sech och di marrokanesch Bezeechnung ليج,, zellige ofleed, oder op „azul“, blo, als Grondtoun fir di Plättercher.

Op Industrie.lu fënd een éischt Referenzen op eng Faïencefabrik hei am Land fir d’Joer 1767. Et handelt sec hem d’Faïencerie Boch op Septfontaines, déi no enger Fusioun Villeroy & Boch gin ass. Mä och zu Eech, Gréivemaacher an Ierchternach goufen ët Faïencerien.

D’Diversitéit vun der lëtzebuergescher Plätterchersproduktioun gesait een op dëse Fotoen.