Fachwierk
Wann ee vu Fachwierkhaiser schwätzt, denken di meescht Leit un den Elsass oder un de Schwarzwald, mä wéi een op de Skizeen vum Abbé Bertels aus dem 17. Joerhonnert erkenne kann, war de Fachwierkbau, op franséich, maisons en colombages, och an eise Géigenden Standard.
Et war eng relativ einfach an ekonomesch Bauweis. D’Grondstruktur vun engem Fachwierkhaus besteht aus Holz. Hëlzen Pailer bilden e Kader, deen a méi kleng Gechaacher ënnerdeelt ass. A jidderengem vun dene Gefaacher kënt eng weider Holzstruktur aus Äscht oder Laten, déi da mat enger Mëschung aus Lehm a Strei ausgestoppt gët.
Dono gët daat Ganzt mat Lehm verbotzt. Dorober koum da meeschtens eng dënn Couche Kallek, déi deem ganzen eng gewëss Resistenz gin huet a vrun allem a Bausseberaich sëchergestallt huet, dat de Lehm nët no an no duerch de Reen ausgewäsch gouf.
Am Laaf vun de Joren goufen d’hëlze Laaten oder Äscht oft duerch Zillen ersaat. Oft goufen d’Baussemauren dono ganz verbotzt, sou dat ee vu baussen oft nët méi erkenne kann, dat sech hannert de glaate Mauren eng Struktur aus Holz verstoppt.



