Eis Philosophie
Pierre et traditions ass eng Baufirma, déi nët baut. Mir specialiséiren eis op ekologesch Rénovatioun oder Restauratioun, woubai mer eis vum Prinzip, „Weniger ist mehr„, guidéiren loossen.
Et ass mëttlerweil kee Geheimnis, dat mir mat eisem Wuestumsprinzip ëmmer méi u Grenzen stoussen. Geraad de Bausecteur ass ganz massiv um Ausstous vun CO2 bedeelegt. Aal Haiser verkierperen eng Onmass vu sougenannter groer Energie, déi gréisstendeels verluer geht, wann se ofgerappt gin.
Dobai sen aal Haiser oft och schon dowéinst méi ekologesch, well se mat deene Materialien gebaut goufen, déi op der Plaaz fond goufen a regional a klimatesch Spezifizitéiten berücksichtegt goufen.
Nei Baumaterialien verbrauche bei hierer Hierstellung eng Onmoosvun Energie. Daat ass ënnert aanerem de Fall beim Beton, fir deen de Klinker bei Temperaturen vu 1400 bis 1500 ° C gebrannt gët. Den Energievebrauch fir eng Tonne Zement lait bei ongeféier 110 KwH.
D’Kallekproduktioun ass ebenfalls staark energieintensiv, obwuel d’Temperaturen beim Brand méi niddreg sen. Waat fir de Kallek, a vrun allem de sougenannten Sumpfkalk (chaux aérienne) schwätzt, ass, dat e beim Ofbannen, nees een Deel vum CO2 u sech bënd.
Am Géigesaatz zu Zement huet Kallek awer vill positiv Eegenschaften, déi eis Virfahren nach kannt a bewosst agesaat hun. Kallek dréit ganz decisiv zur Verbesserung vum sougenannten Raumklima bai, waat ënnert aanerem doduerch geschit, dat en d’Loftfiichtegkeet reguléiert.
Kallek ass och „maléable“ an verdréit Vibratiounen, déi ënnert aanerem duerch Buedembewegungen entstin. En ass daat Material „par excellence“ bei porösen Natursteng, déi duerch den Asaatz vun Zement op d’Dauer futti gin.
En aanert Material, daat mir asetzen ass Lehm. Doduerch, dat Lehm direkt aus dem Buedem gewonne gët, ass den Energieverbrauch während der Produktioun nidreg. Lehm ass och onendlech an ouni groussen Opwand recyclabel.
Genee wéi de Kallek, dréit och Lehm zur Verbesserung vum Raumklima bai a ka Schadstoffer bannen. Genee wéi de Kallek, hëlt Lehm Fiichtegkeet op a gët se lues a lues nees of, wouduerch eng Kondensatioun verhënnert gët.
Béid Materialien kënen mat aanere Materialien z.B. Hanf oder Strei ugeraichert gin. Doduerch entsteht e Wandbotz, dee glaichzaiteg och isoléiert. Béid Materialien stockéiren Hëtzt, wat am Zesummenhang mat Wandheizungen oder Iewen interessant ass.
Während eng Rénovatioun vrun allem d’Ziel huet, e Gebai nees wunnlech ze maachen oder fir eng heideg Notzung ze adaptéiren, geht ët bei enger Restauratioun em méi: Hei soll d’Gebai als Zeien vun enger Zait sou wait wi méiglech a sengem Originalzoustand erhaale gin. Daat erfuerdert vum Handwierker, dat e sech mat aalen Handwierkstechniken auskennt an ët versteht, sai Wëssen behutsam anzesetzen.
