An der Zait hun d’Leit hier Haiser mat deem Material gebaut, waat se op der Plaaz fond hun. Di Haiser ware vu Régioun zu Régioun verschidden an hu sech an hieren Environnement agepasst.

Si waren och en Témoignage vun enger joerhonnerteraaler Baukonscht, déi oft vu Generatioun zu Generatioun weidergi gouf.

Pierre et traditions ass eng jonk Entreprise, déi sech ët zum Ziel gemaat huet, aal Bausubstanz ze erhaalen a mat ekologeschen Mëttlen ze renovéiren oder ze restauréiren.

Et geht eis dorëmmer, dat di Haiser herno gemütlech sen, an dat awer nach hieren Geescht, deen sie vun allen aaneren Haiser a mat Sëcherheet, vun allen neie Constructiounen ënnerscheed, erhaale bleiwt a nees weiderliewe kann.

Dofir setze mir eist Fachwëssen, eis Expérience an eisen Hang zu deem Schéinen an Natierlechen an.

Wann dir e Projet hut a vun eis wëllt berode gin, da ruft eis un oder schëckt eis en Email.